04. Oktober 2023

Jérôme MARX, 35, Gärtner bei einer Gemeinde, Bezirk Süden

Mäi Numm ass Marx Jérôme, 35 Joer. Nomen est Omen an duerfir kandidéieren ech natierlech fir d'KPL, well d'Kommuniste scho säit méi wéi 30 Joer eppes géint d'Wunnengsnout ënnerhuele wëllen an net réischt säit gëschter. Fir Klengverdinger ass d'Situatioun um Wunnengsmaart absolut miserabel, si ass an dësem System net ze bewältegen.

Wunnen däerf net méi aarm maachen. Mir brauchen direkt eng gesetzlech Spekulatiounssteier op Appartementer, déi laang eidel stinn, an eng Limitatioun vun de Loyeren an ëffentleche Mietwunnengen op maximal 10 Prozent vum jeweilegen Akommes vum Locataire.

Ausserdeem muss per Gesetz eng Reduktioun vum Quadratmeterpräis fir Appartementer duerchgesat ginn, déi virun 1960 gebaut goufen oder manner wéi 100 Quadratmeter Wunnfläch hunn.