Parlamentswahlen




Aktuelles


  • 07. Oktober 2023

    Armand Humbert, KPL Kandidat Bezierk Süden, 54 Joer, Gemengenugestellten

    Moien, ech sinn den Armand an ech kandidéiere fir d'KPL, well d'Kommunisten sozial a friddlech denken.
    D'KPL fuerdert duerfir wärend de nächsten 10 Joer de néidege Bau vu 50.000 ëffentleche Wunnengen, mat deenen och Aarbechtsplazen am Bausecteur ofgeséchert kënne ginn. D'KPL fuerdert, dass d'Wunnen fir all Mënsch bezuelbar gëtt. D'KPL fuerdert, dass d'Grousskonzerner ausgebremst ginn a Klengbetriber erëm op d'Been kommen. D'KPL fuerdert den direkten STOP vun der nationaler an internationaler Finanzéierung vu Waffen a Militär, fir esou dem Elend an der weltwäiter Hongersnout entgéintzewierken. D'Erhéijung vum Budget, dee geduecht ass, fir ënnerentwéckelt Länner z'ënnerstëtzen, ass dogéint noutwänneg.
    Weiterlesen
  • 06. Oktober 2023

    Edmond Peiffer, 76 Joer, Gemengerot zu Rëmeleng, Kandidat am Bezierk Süden

    Mäi Numm ass Peiffer Edmond. Ech sinn säit 1966 an der Kommunistescher Partei vu Lëtzebuerg. Si ass déi eenzeg Partei, déi sech konsequent géint dat kapitalistescht Ausbeutersystem a fir déi gerecht Fuerderunge vun de schaffende Leit asetzt.

    An der Stad Rëmeleng vertrieden ech d' KPLam Gemengerot, wou ech mech um lokale Plang fir d'Interesse vun eise Bierger asetzen.

    D'Kommunisten gehéieren awer och rëm an d'Chamber fir der Regierung op d'Fanger ze kucken, Mëssstänn direkt unzeprangeren, Interpellatiounen ze maachen, wann et fir d'Aarbechter an Aarbechterinnen Problemer an de Betriber gëtt, a fir op déi vill onsozial EU-Direktiven opmierksam ze maachen.

    Weiterlesen
  • 06. Oktober 2023

    David Mahnen, 33 Joer, Landschaftsgäertner, KPL Kandidat Bezierk Süden

    Moien, ech heeschen David a si vu Beruff Landschaftsgäertner an enger Gemeng. An der KPL sinn ech schonn méi laang aktiv, well dës Partei fir eng konsequent Friddenspolitik steet an och eng klor Positioun zum Verbuet vun Atomwaffen huet.

    Entgéint alle Verspriechen ginn d'Atomwaffen net ofgeschaf. Au contraire, et ginn stänneg neier entwéckelt, bei deenen d'Gefor besteet, datt d'Schwell fir ee reellen Asaz ëmmer méi niddreg gëtt. An eiser direkter Noperschaft – a Frankräich, der Belsch a Rheinland-Pfalz – sinn Atomwaffen gelagert, déi eis Sécherheet a Fro stellen. All eenzelt NATO- an EU-Memberland an déi Länner, déi am Besëtz vun Atomwaffen sinn, refuséieren den UNO-Vertrag, mat deem all d'Atomwaffen verbuede solle ginn, ze ënnerschreiwen. Also och Lëtzebuerg.

    Dobäi kéinte mir als klengt Land hei ee kloert Zeeche setzen. D'Kommuniste fuerderen, datt Lëtzebuerg offiziell als atomwaffefräi Zon deklaréiert gëtt, fir sou d'Stationéierung an den Transit vun Atomwaffen zu all Moment kënnen ze verbidden.

    Weiterlesen
  • 05. Oktober 2023

    Alain Herman, 42, Sekundarschullehrer, Vizepräsident der KPL, Mitglied des SEW/OGBL-Komitees, Spëtzekandidat am Bezierk Zentrum

    Déi sougenannt »Europaschoulen« si Parallelstrukturen, déi den nationale Schoulsystem ënnergruewen; am schlëmmste Fall kënnt et zu engem »Kannibaliséierungseffekt«. Mëttlerweil besteet eng Konkurrenz tëscht eenzelne Schoulen, déi engem Werbekampf am kapitalistesche Privatsecteur gläicht. Op dës Manéier ka kee Fortschrëtt am Bildungswiesen realiséiert ginn.

    D’Fragmentéierung vum Bildungssystem duerch d’Implementéierung vun internationale Programmer an duerch eng oneffektiv Nischepolitik muss direkt gestoppt ginn. Si féiert in fine zu enger weiderer Spléckung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, besonnesch a sozialer Hisiicht. Eise nationale Bildungssystem huet immens Lacunen a muss méi fair a sozial ginn. Kanner a Jugendlecher aus Aarbechterfamilljen feelt et oft un der néideger Ënnerstëtzung beim Erléiere vu Sproochen. Virun allem am Cycle 1 an am Cycle 2 musse nei Weeër fonnt ginn, fir datt d'Schüler um Ufank vum Cycle 3 zesummen hire pädagogesche Parcours kënne goen.

    D'Alphabetiséierungssprooch soll déi selwecht fir all Kand bleiwen, awer als Friemsprooch enseignéiert ginn. Esou eng Harmoniséierung geléngt nëmmen, wann ee Cours-d'appui-System an de Betreiungsstrukturen opgebaut gëtt, deen de Numm och verdéngt.

    Fir Schüler mat Schwächten un den erfuerderleche Niveau erunzeféieren, souwuel an der Grondschoul wéi och am Secondaire, brauch déi ëffentlech Schoul méi Personal, dat gutt ausgebilt ass. De Staat muss sech also d'Moyene ginn an de Bildungsbudget resolut eropschrauwen.

    Weiterlesen
  • 05. Oktober 2023

    Joseph Gudenburg, 63 Joer, Schauspiller, Kandidat am Bezierk Zentrum

    Moien, mäi Numm ass Jupp Gudenburg.

    Dir kennt mech wuel éischter als als Schauspiller un der Säit vum Thierry (van Werweke) a Lëtzebuerger Produktiounen, mee scho laang sinn ech op der Säit vun de Kommunisten an duerfir kandidéieren ech dës Kéier fir d'KPL.

    Firwat? Ganz einfach: D 'Kommunisten sinn déi eenzeg Partei, déi sech fir d'Erhéichung vun de Mindestrenten asetzt; dës leien däitlech ënnert der Aarmutsgrenz.

    An d'KPL ass déi éierlechst Friddenspartei. D'Kommunisten maachen hei keng Kompromësser. De Weltfridden ass haut méi a Gefor, wéi dat wärend dem Kale Krich de Fall war. D'USA an hir NATO-Alliéiert hunn imperialistesch Kricher géint Jugoslawien, Afghanistan, Irak a Libyen lancéiert an domatter d'Béchs vun der Pandora opgemaach.

    Dat selwecht gëllt fir de Krich an der Ukraine. Hei muss et direkt zu engem Waffestëllstand kommen an zu enger dauerhafter Friddensléisung, fir nach Schlëmmeres ze verhënneren.

    D'KPL plädéiert säit 2014 fir ee Stopp vu Waffeliwwerungen a fir eng Konfliktléisung nom Prinzip vun der Ondeelbarkeet vun der Sécherheet an ënnerstëtzt domatter d'Friddensinitiativen vu China, Brasilien an enger ganzer Rei G77-Länner. D'Sécherheetsinteresse vun alle betraffene Parteien musse berécksiichtegt ginn.

    Weiterlesen
  • 04. Oktober 2023

    Jérôme MARX, 35, Gärtner bei einer Gemeinde, Bezirk Süden

    Mäi Numm ass Marx Jérôme, 35 Joer. Nomen est Omen an duerfir kandidéieren ech natierlech fir d'KPL, well d'Kommuniste scho säit méi wéi 30 Joer eppes géint d'Wunnengsnout ënnerhuele wëllen an net réischt säit gëschter. Fir Klengverdinger ass d'Situatioun um Wunnengsmaart absolut miserabel, si ass an dësem System net ze bewältegen.

    Wunnen däerf net méi aarm maachen. Mir brauchen direkt eng gesetzlech Spekulatiounssteier op Appartementer, déi laang eidel stinn, an eng Limitatioun vun de Loyeren an ëffentleche Mietwunnengen op maximal 10 Prozent vum jeweilegen Akommes vum Locataire.

    Ausserdeem muss per Gesetz eng Reduktioun vum Quadratmeterpräis fir Appartementer duerchgesat ginn, déi virun 1960 gebaut goufen oder manner wéi 100 Quadratmeter Wunnfläch hunn.

    Weiterlesen
2 3 4