Parlamentswahlen




Aktuelles


  • 28. September 2023

    Carlo Raach, KPL Kandidat Bezierk Süden, 75 Joer, Pensionéierte Buschauffer, Fréiere President vun der TICE Betribsdelegatioun

    D'Verkéiersproblemer zu Lëtzebuerg si villfälteg, mee léisbar.

    D'KPL ënnerstëtzt d'Schafen an d'Vernetze vu méi Vëlosweeër a Foussgängerzonen, d'Verbesserung vum ëffentlechen Transport. Mir setzen eis fir gutt Aarbechtsbedingungen an Ausbildung vum Personal an. De Wuerentransport muss esou vill wéi méiglech vun der Strooss ob d'Schinne verluet ginn. Mat genuch politeschem Wëlle kënne mer eng méi ëmwelt-, passagéier- a personalfrëndlech a gläichzäiteg effizient Verkéierspolitik zu Lëtzebuerg ëmsetzen.

    Weiterlesen
  • 28. September 2023

    Gertrud Ruckert, KPL Kandidatin Bezierk Zentrum, 69 Joer, Pensionéiert Comptabel, Trésorière Union des Femmes Luxembourgeoises

    Moien, mäin Numm ass Gertrud an ech si stolz drop fir d'Kommunistesch Partei ze kandidéieren, well et eng Partei déi d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter an hirer DNA huet.

    Den Internationalen Dag fir d'Rechter vu Fraen a Meedercher den 8. Mäerz geet ob Initiative vu sozialistesche Militantinne viru méi wéi 100 Joer zeréck. D'KPL setzt sech dofir an, dass d'Istanbul Konventioun vollstänneg zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt an eng funktionéierend 24/7 Hotline fir vu Gewalt betraffe Frae geschaaft gëtt. D'Kapazitéite vun de Fraenhaiser musse massiv an d'Luucht gesat gi fir sécher ze goen dass all Fra an Noutsituatioun eng Plaz kann offréiert ginn. Gemeinsam kënne mer d'Welt fir Fraen a Meedercher méi sécher maachen.

    Weiterlesen
  • 28. September 2023

    Christine Kalny, KPL Kandidatin Bezierk Osten, 34 Joer, Staatsbeamtin

    Moien, ech sinn d'Christine. Ech kandidéieren fir d'KPL, well se sech och fir déi sozial Aspekter vun der Kulturaarbecht asetzt. Konscht a Kultur dierfen am Kader vu Privatiséierung a Liberaliséierung net zu enger Wuer verkommen an ee Privileg fir Bierger mat héichem Akommes ginn. Virun allem mussen de Kulturschaf(f)enden an de Kënschtler mënschewierdeg an existenzofséchernd Kontrakter an Aarbechtskonditiounen vun de Kulturhaiser ugebuede ginn.

    Duerfir mussen de Staat an d'Gemenge suergen. D'KPL fuerdert an deem Kader d'Kreatioun vun zwee professionellen Theaterensemblen an d'Auswäitung vum »fonds social culturel« fir Kulturschaf(f)enden ouni festem Engagement eng permanent Existenzgrondlag ze erméiglechen.

    Weiterlesen
  • 27. September 2023

    Ali Ruckert, Spētzekandidat KPL Bezierk Süden, Präsident Kommunistesch Partei, 68 Joër, Chefredakter »Zeitung vum Lëtzebuerg Vollek«

    D’Demokratie hält am Agank vun der Betriber op. Déi Lounofhängeg schafen de Räichtum, deen sech d’Aktionären an d’Tesch stiechen.

    Duerfir muss eng Ännerung an de Besëtzverhältnisser kommen, aus deem Grond trëtt d’KPL fir eng Vergesellschaftung vun de grousse Betriber an Banken an. Déi schaffend Leit an hir Gewerkschaften mussen en entscheedend Wuert matschwätze kënnen, wann et ëm d’Produktioun, d’Investitiounen, d’Aarbechtsplazen, d’Léin an d’Aarbechtskonditioune geet. Grad duerfir brauche mer eng demokratesch Kontroll vun der Wirtschaft, e Systemwiessel.

    Weiterlesen
  • 27. September 2023

    Edoardo Tiberi, KPL Kandidat am Bezierk Süden, 58 Joer, Affekot

    Mäi Numm ass Edoardo Tiberi an ech kandidéieren net fir déi éischte Kéier fir d'Kommunisten am Südbezierk. Aus guddem Grond: Sozial Gerechtegkeet kascht eppes.

    Duerfir brauche mir eng konsequent Ëmverdeelung vum Räichtum, dee vun de schaffende Leit erschafe gëtt, vun uewen no ënnen. An dat och iwwert d'Steierpolitik! Lëtzebuerg brauch eng méi héich Besteierung vu de Leit mat ganz héichem Akommes duerch d'Aféierung vun zousätzleche Steierstufen um Enn vun der Steiertabell. De Spëtzesteiersaz muss op 56 % ugehuewe ginn, sou wéi dat bis 1991 de Fall war. Och eng progressiv Verméigenssteier fir déi Superräich muss nees agefouert ginn. A ganz besonnesch gëlt et, all Kapitalsteieren fir Banken, Investitiounsfongen, Konzerner souwéi Mëttel- a Groussbetriber ze erhéichen. Gläichzäiteg sollen d'Steiere fir déi Schaffend a kleng Betriber erofgesat ginn.

    Weiterlesen
  • 27. September 2023

    Manuel Casanova Silva, KPL Kandidat am Bezierk Süden, 63 Joer, Pensionéierte Bauaarbechter, Fréiere President vun der Personaldelegatioun an engem gréissere Baubetriib

    Et ass dréngend néideg, bannent zéng Joer 50.000 ëffentlech Wunnengen ze bauen.

    Dat wäert nëmme méiglech sinn, wa staatlech a kommunal Baufirme geschafe ginn an existéierend privat Baufirme bei der Realisatioun vun dëse Bauprojeten bedeelegt sinn - och fir déi bestehend Aarbechtsplazen am Bausecteur ofzesécheren, ouni awer an deem Kontext héich Rendementer fir d'Actionnairen ze verspriechen. Op dës Aart a Weis kann de Staat sech endlech een eegene Mietwunnengspark zouleeën. D'Loyeren an den ëffentleche Locatiounsappartementer soll op maximal 10 Prozent vum jeweilegen Akommes limitéiert ginn.

    Weiterlesen
1 3 4