27. September 2023

Edoardo Tiberi, KPL Kandidat am Bezierk Süden, 58 Joer, Affekot

Mäi Numm ass Edoardo Tiberi an ech kandidéieren net fir déi éischte Kéier fir d'Kommunisten am Südbezierk. Aus guddem Grond: Sozial Gerechtegkeet kascht eppes.

Duerfir brauche mir eng konsequent Ëmverdeelung vum Räichtum, dee vun de schaffende Leit erschafe gëtt, vun uewen no ënnen. An dat och iwwert d'Steierpolitik! Lëtzebuerg brauch eng méi héich Besteierung vu de Leit mat ganz héichem Akommes duerch d'Aféierung vun zousätzleche Steierstufen um Enn vun der Steiertabell. De Spëtzesteiersaz muss op 56 % ugehuewe ginn, sou wéi dat bis 1991 de Fall war. Och eng progressiv Verméigenssteier fir déi Superräich muss nees agefouert ginn. A ganz besonnesch gëlt et, all Kapitalsteieren fir Banken, Investitiounsfongen, Konzerner souwéi Mëttel- a Groussbetriber ze erhéichen. Gläichzäiteg sollen d'Steiere fir déi Schaffend a kleng Betriber erofgesat ginn.