Parlamentswahlen




Aktuelles


  • 20. September 2023

    Silvia Tiberi, KPL Kandidatin Bezierk Zentrum, 19 Joër, Studentin

    Moien, ech heesche Silvia a si mat 19 Joer déi jéngst Kandidatin vun der KPL. Fir d’Kommuniste kandidéieren ech net alleng, well dat bei eis an der Famill eng politesch Traditioun huet, mee virun allem well d’Kommuniste sech schonn ëmmer fir d’Jugend an eng besser Beruffsausbildung agesat hunn.

    D’Entreprise misste je no hirer Gréisst gesetzlech dozou verflicht ginn, Léiermeedercher a -jongen auszebilden. Déi Entreprisen, déi dat maachen, d’Aarbechtsrecht respektéieren a gutt Aarbechtskonditioune schafen, sollen staatlech ënnerstëtzt ginn. Grouss Betriber, déi kéinten ausbilden, awer keng Formatiounsplaze schafen, sollen an Zukunft an ee Formatiounsfong abezuelen. Fir d’Handwierk an d’Beruffsäusbildung méi attraktiv ze maachen, missten d’Léiergelder onbedéngt an d’Luucht gesat an och vereenheetlecht ginn!

    No der berufflecher Äusbildung sollen déi Jonk d’Recht kréien mat engem CDI an dem Betrib agestallt ze ginn a vum Staat d’Méiglechkeet kréien, fir 10 Prozent vum Salaire an enger ëffentlecher Mietwunneng kënnen ze liewen.
    Weiterlesen
1 2 3