Parlamentswahlen




Aktuelles


  • 27. September 2023

    Carole Bestgen, KPL Kandidatin Bezierk Zentrum, 46 Joër, Affekotsassistentin

    Moien, mäi Numm ass Carole. Et ass net déi éischte Kéier, datt ech fir d'Kommunistesch Partei kandidéiere, och well fir d'Kommunisten den Ëmwelt- a Klimaschutz säit Laangem eng grouss Roll spillt.

    D'KPL ënnerstëtzt all sozial Beweegunge fir de Klimaschutz. Ee reellen Ëmwelt- a Klimaschutz däerf awer net dem Profitinteresse vu grousse Konzerner a Banken ënnerleien. Ee Changement vum Energieproduktiounssystem geet net duer, mir brauchen zum Schutz vum Klima ee gesellschaftlechen Systemwiessel hin zu enger sozialer Uerdnung, an där kee sech op Käschte vun der Ëmwelt an anere Mënsche beräichere kann.

    Weiterlesen
  • 27. September 2023

    Samantha Binna, KPL Kandidatin am Bezierk Süden, 36 Joër, Botzkraft

    Ech sinn d'Samantha an als Kandidatin fir d'KPL setzen ech mech dofir an, dass duerch konkret Mesurë wéi d'20 Prozent Erhéijung vum Mindestloun an der Mindestrent déi finanziell Situatioun vu villen Frae verbessert gëtt.

    An Niddreglounsecteuren wéi beim Botzen oder am Handel, si Fraen iwwerrepresentéiert. 6 mol esou vill Frae sinn an Deelzäitaarbecht well se d'Kannerbetreiung méi dacks iwwerhuelen. Doduerch hu mer eng onméiglech Situatioun bei den Pensiounen: Fraen hunn duerchschnëttlech 43% manner Pensioun wéi Männer zu Lëtzebuerg. Déi grouss Majoritéit vun den Allengerzéihende si Mammen. Sie fannen sech an der Steierklass 1a erëm, wouduerch si ee méi groussen Deel Steiere musse bezuelen, dës Ongerechtegkeet muss ofgeschaaft ginn.

    Weiterlesen
  • 27. September 2023

    Christophe BARTZ, KPL Kandidatin Bezierk Süden, 37 Joër, Lagerarbeiter in einem Garagenbetrieb

    Salut, ech sinn de Chris a Lageraarbechter an engem gréisseren Garagebetriib. An der KP sinn ech lo schonn méi wéi 15 Joer aktiv - aus engem einfache Grond: D'KPL ass déi wierklech Partei vun de schaffende Leit!

    Mir Kommuniste fuerden duerfir ee strikt Anhale vun de gesetzlech virgeschriwwenen Aarbechtszäiten an och d'Ofschafe vun de sëllechen Ausnamen, déi allgemeng zum Nodeel vum Salarié an zum Virdeel vum Patron sinn. D’Aféierung vun der 35-Stonne-Woch mat vollem Lounausgläich muss endlech Realitéit ginn!

    An nach eng aner Saach: D'Patronen mussen gesetzlech verpflicht ginn, ee Kollektivvertrag mat de Gewerkschaften auszehandelen, wann de Betriib 100 oder méi wéi 100 Salariéen huet resp. et besteet kee sektorielle Kollektivvertrag. Duerfir setze mir Kommunisten eis an.

    Weiterlesen
  • 26. September 2023

    Irène BIGLER-RUCKERT, KPL Kandidatin Bezierk Süden, 67 Joër, Erzieherin in Rente, Präsidentin der Union des Femmes Luxembourgeoises, Mitglied des Nationalen Frauenrats

    Mir erliewen den Ament, datt besonnesch vill Frae vun Aarmut betraff sinn, well se nëmmen Deelzäit schaffen, allengerzéiend sinn oder a Wirtschaftssecteure schaffen, wou extrem niddreg Léin üblech sinn, zum Beispill am Handel, an der Gastronomien oder am Botzsecteur.
    KPL fuerdert eng strukturell Erhéichung vum gesetzleche Mindestloun, der Mindestpensioun, dem Revis an dem Akommes fir schwéier behënnert Leit ëm 20%! Dovunner géife virun allem d’Fraen profitéieren, bei hinnen ass d’Ausbeutungquot besonnesch grouss. Als Präsidentin vun der Union des Femmes Luxembourgeoises a Member vum CNFL leien mir Fuederungen déi Fraen aus der Armut hëllefen besonneg um Häerzen.

    Weiterlesen
  • 22. September 2023

    Nicole SCHWEICH, KPL Kandidatin Bezierk Süden, 57 Joër, Aide-soignante, Mitglied des Exekutivkomitees der Union des Femmes Luxembourgeoises

    Moien, ech sinn d'Nicole an duerch meng Elteren sinn ech politesch an der KPL aktiv ginn. Selwer schaffen ech als Aide-soignante a gesinn déi eklatant sozial Problemer am Gesondheetswiesen all Dag op menger Schaff am CHEM. D'Coronapandemie huet déi schlëmm Zoustänn am Gesondheetswiesen däitlech gemaach, besonnesch a puncto Infrastruktur a Personalmangel.

    D'KPL fuerdert schonn säit 20 Joer, méi Investissementer a medezinesch Infrastruktur a virun allem an d'Gesondheetspersonal ze tätegen. Aspuerungen, Privatiséierungstendenzen a Profitmaximéierung am Gesondheetssystem verhënneren eng beschtméiglech medezinesch Versuergung fir d'Leit an de verschiddenen Deeler vum Land.

    Weiterlesen
  • 21. September 2023

    Venanzo BARTOCCI, KPL Kandidat Bezierk Zentrum, 84 Joër, Berufsfahrer in Rente

    Ciao, ech sinn de Vena vun Déifferdéng an ech hu mäi Liewe laang Sport gemaach, fréier Kraaftsport op Héichleeschtungsniveau.

    Och haut nach ginn ech trotz mengem Alter mengem Hobby no, well ee sou mental fit bleiwe a sech doduerch weiderhinn sozial engagéiere kann. Fir datt Leit a mengem Alter a mat klenger Rent kierperlech aktiv bleiwe kënnen, brauche mer awer och déi passend Infrastrukturen an déi dierfen net an der Hand vu private Konzerner sinn! Déi denke just un hir Profiter.

    Turnhallen, Schwämmen an all aner Infrastrukturen fir de Breedesport mussen kommunal oder staatlech geréiert ginn, dat ass besser fir d´Personal an och besser fir déi Sportinteresséiert mat klengem Portmonni, egal ob jonk oder al.

    Weiterlesen
1 2 4