21. September 2023

Venanzo BARTOCCI, KPL Kandidat Bezierk Zentrum, 84 Joër, Berufsfahrer in Rente

Ciao, ech sinn de Vena vun Déifferdéng an ech hu mäi Liewe laang Sport gemaach, fréier Kraaftsport op Héichleeschtungsniveau.

Och haut nach ginn ech trotz mengem Alter mengem Hobby no, well ee sou mental fit bleiwe a sech doduerch weiderhinn sozial engagéiere kann. Fir datt Leit a mengem Alter a mat klenger Rent kierperlech aktiv bleiwe kënnen, brauche mer awer och déi passend Infrastrukturen an déi dierfen net an der Hand vu private Konzerner sinn! Déi denke just un hir Profiter.

Turnhallen, Schwämmen an all aner Infrastrukturen fir de Breedesport mussen kommunal oder staatlech geréiert ginn, dat ass besser fir d´Personal an och besser fir déi Sportinteresséiert mat klengem Portmonni, egal ob jonk oder al.