27. September 2023

Carole Bestgen, KPL Kandidatin Bezierk Zentrum, 46 Joër, Affekotsassistentin

Moien, mäi Numm ass Carole. Et ass net déi éischte Kéier, datt ech fir d'Kommunistesch Partei kandidéiere, och well fir d'Kommunisten den Ëmwelt- a Klimaschutz säit Laangem eng grouss Roll spillt.

D'KPL ënnerstëtzt all sozial Beweegunge fir de Klimaschutz. Ee reellen Ëmwelt- a Klimaschutz däerf awer net dem Profitinteresse vu grousse Konzerner a Banken ënnerleien. Ee Changement vum Energieproduktiounssystem geet net duer, mir brauchen zum Schutz vum Klima ee gesellschaftlechen Systemwiessel hin zu enger sozialer Uerdnung, an där kee sech op Käschte vun der Ëmwelt an anere Mënsche beräichere kann.