05. Oktober 2023

Joseph Gudenburg, 63 Joer, Schauspiller, Kandidat am Bezierk Zentrum

Moien, mäi Numm ass Jupp Gudenburg.

Dir kennt mech wuel éischter als als Schauspiller un der Säit vum Thierry (van Werweke) a Lëtzebuerger Produktiounen, mee scho laang sinn ech op der Säit vun de Kommunisten an duerfir kandidéieren ech dës Kéier fir d'KPL.

Firwat? Ganz einfach: D 'Kommunisten sinn déi eenzeg Partei, déi sech fir d'Erhéichung vun de Mindestrenten asetzt; dës leien däitlech ënnert der Aarmutsgrenz.

An d'KPL ass déi éierlechst Friddenspartei. D'Kommunisten maachen hei keng Kompromësser. De Weltfridden ass haut méi a Gefor, wéi dat wärend dem Kale Krich de Fall war. D'USA an hir NATO-Alliéiert hunn imperialistesch Kricher géint Jugoslawien, Afghanistan, Irak a Libyen lancéiert an domatter d'Béchs vun der Pandora opgemaach.

Dat selwecht gëllt fir de Krich an der Ukraine. Hei muss et direkt zu engem Waffestëllstand kommen an zu enger dauerhafter Friddensléisung, fir nach Schlëmmeres ze verhënneren.

D'KPL plädéiert säit 2014 fir ee Stopp vu Waffeliwwerungen a fir eng Konfliktléisung nom Prinzip vun der Ondeelbarkeet vun der Sécherheet an ënnerstëtzt domatter d'Friddensinitiativen vu China, Brasilien an enger ganzer Rei G77-Länner. D'Sécherheetsinteresse vun alle betraffene Parteien musse berécksiichtegt ginn.