05. Oktober 2023

Alain Herman, 42, Sekundarschullehrer, Vizepräsident der KPL, Mitglied des SEW/OGBL-Komitees, Spëtzekandidat am Bezierk Zentrum

Déi sougenannt »Europaschoulen« si Parallelstrukturen, déi den nationale Schoulsystem ënnergruewen; am schlëmmste Fall kënnt et zu engem »Kannibaliséierungseffekt«. Mëttlerweil besteet eng Konkurrenz tëscht eenzelne Schoulen, déi engem Werbekampf am kapitalistesche Privatsecteur gläicht. Op dës Manéier ka kee Fortschrëtt am Bildungswiesen realiséiert ginn.

D’Fragmentéierung vum Bildungssystem duerch d’Implementéierung vun internationale Programmer an duerch eng oneffektiv Nischepolitik muss direkt gestoppt ginn. Si féiert in fine zu enger weiderer Spléckung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, besonnesch a sozialer Hisiicht. Eise nationale Bildungssystem huet immens Lacunen a muss méi fair a sozial ginn. Kanner a Jugendlecher aus Aarbechterfamilljen feelt et oft un der néideger Ënnerstëtzung beim Erléiere vu Sproochen. Virun allem am Cycle 1 an am Cycle 2 musse nei Weeër fonnt ginn, fir datt d'Schüler um Ufank vum Cycle 3 zesummen hire pädagogesche Parcours kënne goen.

D'Alphabetiséierungssprooch soll déi selwecht fir all Kand bleiwen, awer als Friemsprooch enseignéiert ginn. Esou eng Harmoniséierung geléngt nëmmen, wann ee Cours-d'appui-System an de Betreiungsstrukturen opgebaut gëtt, deen de Numm och verdéngt.

Fir Schüler mat Schwächten un den erfuerderleche Niveau erunzeféieren, souwuel an der Grondschoul wéi och am Secondaire, brauch déi ëffentlech Schoul méi Personal, dat gutt ausgebilt ass. De Staat muss sech also d'Moyene ginn an de Bildungsbudget resolut eropschrauwen.